Panorama
Panorama
12 min
1. Mat der Sam Tanson als Spëtzekandidatin zéien déi gréng an d'Chamberwalen, gëschter gouf d'Politikerin op engem ausseruerdentleche Kongress nominéiert. Et ass déi éischte Kéier datt Déi Gréng mat enger Spëtzekandidatin an d'Wale ginn.
2. D'Associatioun vun den Ingénieurs Directeurs vun de Gemengesyndikater verlaangt dréngend eng Reform vum Syndikatsgesetz, d'Kompetenze vun de Syndikatsdirektere wieren net kloer definéiert an dofir wier e permanent mam Gesetz am Konflikt
3. Virun de Chamberwale soll näischt méi am Educatiounsberäich reforméiert ginn, dat war gëschter d'Konklusioun an der Petitiounsdebatt an der Chamber
4. An Israel probéieren d'Regierung an d'Oppositioun e Kompromëss am Sträit ëm d'Justizreform ze fannen. Den amerikanesche Präsident Joe Biden huet sengersäits erkläert Israel misst vun dem Wee erof
5. 175 blesséiert Polizisten an 200 Arrestatiounen, dat ass de Bilan vun neien Demonstratiounen hënt a Frankräich géint Pensiounsreform. D'Regierung wëll de Pensiounsalter vun 62 op 64 Joer erop setzen.
6. De Kinnek Charles den Drëtten a seng Fra Camilla ginn haut fir hier éischt Auslandsvisitt zu Berlin erwaart. Eng 1100 Poliziste goufe fir des Visitt mobiliséiert.
7. Am Futtball ware gëschter weider EM-Qualifikatiounsmatcher, Spunien verléiert iwwerraschend 0-2 a Schottland, d'Kroate klappen d'Tierken och mat 2-0