Panorama
Panorama
13 min
1. Pappen a Mamme virun der Aarmut schützen, dat wier e wichtegt Element an der Debatt ronderëm eng speziell Allocatioun fir Elteren déi hir Kanner doheem betreien, dat sot d'Familljeministesch Corinne Cahen de Mueren an der Chamber
2. Um EU-Fréijoerssommet zu Bréissel geet et haut a muer ënner anerem ëm weider Hëllefe fir d'Ukrain an ëm eng Stabiliséierung vun den Energiepräisser
3. D'EU-Parlament huet de Mueren eng Decisioun a Saache Reduktioun vun de CO2-Emissiounen am Schëffsverkéier geholl. Am Text si vill Ausname virgesinn, dat suergt fir Kritik
4. D'Unzuel un Aarbechtsplazen hei am Land geet weider an d'Luucht. Wéi de Statec de Muere matgedeelt huet, goufen 2022 am Verglach mam Joer virdrun 3,3 Prozent méi Aarbechtsplaze geschaf.