arrow_back_ios
Klassik aktuell
"La petite danse des doigts sur le clavier"
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
Schonn als klengt Meedchen huet d'Anne-Catherine Bucher Coursë fir barocken Danz geholl. An och hautzedaags huet dat nach ee groussen Afloss op hiert Museksliewen. Muer de Mëtten (28.03.) trëtt d'Pianistin an der Philharmonie op, zesumme mat enger Dänzer Koppel. De Motto vum Owend ass "La Belle Danse", mat verschiddene franséische Wierker an Dänz. D'Anne-Catherine Bucher huet dem Marie Schockmel ënnert anerem verroden, wéi si et fäerdeg bréngt net och mat ze danzen, a wéi wichteg den Danz fir d'Musek aus dem Barock ass.