Panorama
Panorama
10 min
1. Den Yves Wengler demissionéiert als Präsident vum Gemengesyndikat SIGI, en Audit hat virdru grouss Lacunnen an der Gestioun opgewisen
2. Op der Uni Lëtzebuerg solle vu September u véier Bachelor-Spezialisatiounen am Infirmiersberäich ugebuede ginn
3. D'Buergermeeschtesch vu Leideleng kandidéiert net méi bei de Gemengewalen am Juni. D'Diane Bisenius-Feipel huet zesumme mat hirer Lëscht vun 2017 mat engem Flyer annoncéiert, hirem politeschen Engagement en Enn ze setzen.
4. Israeelesch Rakéitenattack hënt op de syresche Fluchhafe vun Aleppo, et entstoung Materialschued. Vun Aleppo aus gouf déi international Äerdbiewen-Hëllef koordinéiert.
5. Nei Rakéitenattack hënt op déi ukrainesch Haaptstad Kiev, op mannst dräi Persoune sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Déi russesch Säit behaapt iwwerdeems si hätt eng ukrainesch Dronen Attack op d'Hafestad Sewastopol ofgewiert.
5. A Frankräich war et eng weider Nuecht mat Protester géint Rentereform, de Mëtteg wëll sech de Präsident Macron zu Wuert mellen