Panorama
Panorama
12 min
1. Den Yves Wengler demissionéiert als Präsident vum Gemengesyndikat SIGI, en Audit hat virdru grouss Lacunnen an der Gestioun opgewisen
2. Op der Uni Lëtzebuerg solle vu September u véier Bachelor-Spezialisatiounen am Infirmiersberäich ugebuede ginn
3. D'Buergermeeschtesch vu Leideleng kandidéiert net méi bei de Gemengewalen am Juni. D'Diane Bisenius-Feipel huet zesumme mat hirer Lëscht vun 2017 mat engem Flyer annoncéiert, hirem politeschen Engagement en Enn ze setzen.
5. Nei Rakéitenattack hënt op déi ukrainesch Haaptstad Kiev, op mannst dräi Persoune sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Di russesch Säit behaapt iwwerdeems si hätt eng ukrainesch Dronen Attack op d'Hafestad Sewastopol ofgewiert.
6. A Frankräich war et eng weider Nuecht mat Protester géint Rentereform, de Mëtteg wëll sech de Präsident Macron zu Wuert mellen
7. Ofschloss vu der chineesescher Staatsvisitt zu Moskau, de Xi Jinping stäipt dobäi dem Wladimir Putin de Réck, zwee Accorden iwwer eng verdéiften Zesummenaarbecht goufen ënnerschriwwen
8. Äerdbiewen hënt an der afghanesch-pakistanescher Grenzregioun, bis elo goufen néng Doudeger gemellt
9. D'EU Kommissioun wëll de Greenwashing bremsen, haut gëtt e Plang virgestallt mat dem falsch Informatiounen op Etiketten a Verpackunge solle verbuede ginn.