arrow_back_ios
Klassik aktuell
Doud duerch en Dirigentestaf
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Museker stierwen op ganz ënnerschiddlech Aart a Weisen: Et gi Berichter iwwer Dirigenten, déi bei Prouwen oder Concerten en Häerzinfarkt haten, et gouf Sänger, déi bei ganz dramateschen Textpassagen zesummegebrach an ni méi opgestane sinn, an et gouf Komponisten, déi einfach vill ze vill gedronk hunn. Bei all dësen Doudesursaache gëtt et eng, déi ganz besonnesch originell, wann net esouguer eenzegaarteg ass: den Doud duerch en Dirigéierstaf.