Panorama
Panorama
13 min
1. Enn Februar ware 15.650 Persoune bei der ADEM ageschriwwen, de Chômagetaux bleift quasi onverännert bei 4,8%
2. OGBL an ALMEVS, d'Association des Médecins en Voie de Spécialisation, hunn e Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen
3. Vun haut u kann een sech fir d'Bréifwal fir d'Gemengewalen aschreiwen
4. Gewalttätegen Iwwerfall nom Fussballmatch gëschter zu Déifferdeng
5. De chineesesche Staatspresident Xi Jingping ass fir eng Staatsvisitt vun dräi Deeg zu Moskau ukomm
5. D'EU-Aussen- a Verdeedegungsministere sichen zu Bréissel no Léisunge fir der Ukrain méi Munitioun ze liwweren
6. Rettung a leschter Minutt: de Crédit Suisse gouf vun der UBS iwwerholl, d'Biewen op den europäesche Bourssen ass ausbliwwen
7. Ëmstridde Rentereform: haut sinn an der Assemblée Nationale zu Paräis zwou Motions de censure géint d'Regierung
8. Hyperinflatioun an Argentinien: de President Fernández wëllt dogéint kämpfen