Panorama
Panorama
12 min
1. Rettung a leschter Minutt: d'Union de Banques Suisse UBS iwwerhëlt de Credit Suisse mat Ënnerstëtzung vun der Schwäizer Natioanlbank. Domat kann e gréissere Bankecrash mat internationale Konsequenze verhënnert ginn.
2. De Präsident vun der consultativer Mënscherechtskommissioun, de Gilbert Pregno weist sech schockéiert iwwer d'Pläng vun der Stad Lëtzebuerg fir en Heesche-Verbuet duerchzesetzen
3. Wat muss gemaach gi fir d'Konsequenze vum Klimawandel a Grenzen ze halen an dat Schlëmmst ze verhënneren? Op déi Froe soll de Schlussrapport vum Weltklimarot haut eng Äntwert ginn
4. Den amerikanesche Präsident Joe Biden huet un den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu appelléiert Kompromëss bei der Justizreform ze fannen. D'USA kéinten dobäi och hëllefen
5. D'Ukrain brauch dréngend méi Artillerie-Munitioun, zu Bréissel wëllen d'EU Aussen- a Verdeedegungsminister sech haut iwwer e neie Finanzéierungsplang eens ginn.
6. A Frankräich ass et d'Suite vun de Protestaktioune géint d'Rentereform. Verschidden Oppositiounsparteie probéieren haut iwwer de Wee vun enger motion de censure d' Regierung ze kippen. D'Chancen dofir stinn awer éischter schlecht.