Liewe fir de Veräin
Eugène Schmit
46 min
An der Antik an och an der Spéit-Antik, goufe verstuerwe Mënschen net begruewen, mee verbrannt. Mat der Verbreedung vum Chrëschtentum huet dat Ritual an eise Regiounen ëmmer méi ofgeholl. Et war dunn Traditioun, ee verstuerwene Mënsch ze begruewen. D'Anäscherung, op Däitsch Feuerbestattung an op Franséisch Incinération ass am Juddentum, dem Islam wéi och der Bahai-Relioun verbueden. Fir Hinduen a Buddhisten dogéint gi verstuerwe Mënschen traditionell verbrannt. Mëtt vum 18. Joerhonnert goufen an Europa nees éischt Anäscherunge praktizéiert. Am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf d'Anäscherung och hei am Land nees een Theema. Et ass déi Zäit, an där d'ASBL Flamma gegrënnt gouf. De President gëtt weider Detailer.