Panorama
Panorama
14 min
1. Siwe Joer Prisong, dovunner d'Hallschent mat Sursis an iwwer 5 Milliounen Euro Schuedenersatz a Geldstrof fir den Haaptugekloten an der Affär ronderëm d'Detournementer an der Hesper Gemeng
2. De franséische President an d'Regierung wëllen déi ëmstridde Pensiounsreform ouni Vott duerch d'Assemblée Nationale duerchkréien
3. Déi Europäesch Zentralbank huet de Leetzëns, wéi erwaart, op 3,5% gehuewen
4. Déi onparteiesch a gerecht Roll vum Chamberpresident soll am Chambersreglement verankert ginn
5. Protestpiquet bei Dupont Teijin Films zu Conter: och d'Reunioun de Mëtteg hätt näischt erginn, sou d'Gewerkschaften
6. D'Zuchstrecke vun Ettelbréck op Kautebaach a vu Kautebaach op Wolz bleiwen nach op d'mannst sechs bis siwe Woche gespaart
7. De fréieren Arméischef Mario Daubenfeld wiesselt vun der ADR bei Fokus
8. Den UNO-Mënscherechtsrot geheit Moskau Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet an der Ukrain fir
9. Polen liwwert als éischt Land Kampfjetten un d'Ukrain
10. De Mediekonzern Axel Springer wiesselt déi ganz Chefredaktioun vun der "Bild" aus