Panorama
Panorama
10 min
1. Déi politesch Kris a Frankräich spëtzt sech zou. Nodeems d'Regierung decidéiert huet d'Pensiounsreform ouni Vott am Parlament duerchzekréie koum et zu Eskalatioune bei Protester. Zu Paräis goufen iwwer 200 Leit interpelléiert
2. D'Urteel an der Affär iwwer d'Detournementer vu Suen an der Hesper Gemeng ass gefall: Deen Haaptugeklote fréiere Gemengebeamte krut siwe Joer Prisong, dovunner d'Hallschent op Sursis an iwwer fënnef Milliounen Euro Geldstrof a Schuedenersatz
3. Den Tropestuerm Freddy huet a Südost-Afrika méi wéi 400 Leit d'Liewe kascht. De Bilan vun den Affer gouf nach eng Kéier no uewe revidéiert
4. D'Lëtzebuerg Banken- a Banquier-Associatioun verséchert: D'Ustiechungsgefor vun den amerikanesche Banken-Faillitte fir d'Banken hei am Land an an Europa wier ganz geréng, esou den ABBL Generaldirekter Jerry Gbric am 100,7 Interview
5. An den USA huet gouf d'Regionalbank First Republic vun engem Group Banke mat 30 Milliarden Dollar gestäipt fir eng weider Banken-Faillite ze verhënneren