Panorama
Panorama
13 min
1. Déi politesch Kris a Frankräich spëtzt sech zou. Nodeems d'Regierung decidéiert huet d'Pensiounsreform ouni Vott am Parlament duerchzekréie koum et zu Eskalatioune bei Protester. Zu Paräis goufen iwwer 200 Leit interpelléiert
2. D'Urteel an der Affär iwwer d'Detournementer vu Suen an der Hesper Gemeng ass gefall: Deen Haaptugeklote fréiere Gemengebeamte krut siwe Joer Prisong, dovunner d'Hallschent op Sursis an iwwer fënnef Milliounen Euro Geldstrof a Schuedenersatz
3. D'Ukrain kritt Kampffligere vu Polen geliwwert: An de nächsten Deeg géif Polen véier MiG-29 Kampfjetten un d'Ukrain liwweren, esou de polnesche President Andrzej Duda
4. Den Tropestuerm Freddy huet a Südost-Afrika méi wéi 400 Leit d'Liewe kascht. De Bilan vun den Affer gouf nach eng Kéier no uewe revidéiert
5. An den USA huet e Grupp vu grousse Banken 30 Milliarden Dollar an d'Regionalbank First Republic injektéiert fir eng weider Banke-Faillite ze verhënneren