Panorama
Panorama
12 min
1. De Projet vum Datazenter Google zu Biissen ass net méi aktuell, de Biissener Buergermeeschter reagéiert
2. D'Zuchlinne Richtung Norden, ab Ettelbréck wäerten nach wochelaang gespaart bleiwen, et goufe weider Komplikatiounen
3. Déi nei Jugendschutz-Bestëmmungen an déi penal Prozedur fir Mannerjäreger wären iwwerfälleg Reformen, déi scho laang hätte missen ëmgesat ginn. Seet de Charel Schmit, den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher.
4. Dupont Teijin Films géing de lëtzebuerger Sozialdialog mat Féiss trëppelen heescht et souwuel vum LCGB wei vum OGBL. Déi zwou Gewerkschaften hunn de Moien e Protestpiquet organiséiert
5. D'USA hunn haut e Video verëffentlecht op dem ze gesinn ass wéi e russesche Kampfjet eng amerikanesch Dron attackéiert
6. An den Gianni Infantino gouf als FIFA-Präsident confirméiert, et gouf keng Géigekandidatur