Panorama
Panorama
11 min
1. Entwarnung zu Lëtzebuerg no der Faillite vun der amerikanescher Silicon Valley Bank: D'Bank wier net agreéiert a net aktiv hei am Land, an den Ustiechungsrisiko wier ganz limitéiert, seet d'CSSF
2. Déi chineesesch Weltall-Firma Spacety Luxembourg S.A. wier vun de Lëtzebuerger Aussen- a Wirtschaftsministere Jean Asselborn a Franz Fayot beim Parquet denoncéiert ginn. Dat mellt RTL. Hannergrond si Virwërf, datt Spacety der russescher Privatarméi Wagner Satellittebiller zur Verfügung gestallt hätt
3. D'Problematik vun de fiktiven Adressen an der Stad Lëtzebuerg hätt negativ Konsequenze fir vulnerabel Mënschen. Dat seet d'Auslännerassociatioun ASTI
4. Russland huet enger Verlängerung vum Accord fir Kärentransporter aus der Ukrain zougestëmmt. Allerdéngs soll den Accord elo nëmme fir 60 Deeg gëllen