Seismograph
Marx mit 20
8 min
Virun 240 Joer, de 14.3.1883, ass de Philosoph Karl Marx zu London am Alter vu 64 Joer gestuerwen - aarm, krank an iwwerschafft. Säin Haaptwierk - "Das Kapital" - konnt hie leider net méi op en Enn bréngen. An trotzdeem hu sech dem Marx seng Theesen duerchgesat. Et gëtt wuel kaum een anere Philosoph, deen esou eng Wierkung op d'Weltgeschicht hat wéi de Karl Marx. Et brauch ee just drun ze denken, datt bis 1989 d'Hallschent vun der Welt kommunistesch regéiert war - och wann dat vläicht net méi vill mam Marx senger Philosophie ze dinn hat. Mee wéi huet alles ugefaangen? Wéi gouf de Marx zu deem weltbekannte Philosoph?