Deen nationale Sucht-Preventiounszenter Cnapa (Centre National de Prévention des Addictions) warnt zesumme mat der Fondation Cancer virun de sougenannte Nicotine Pouches. Et sinn dat kleng Säckelcher mat haaptsächlech Nikotin, déi ee sech tëschent d'Zänn an de Gomm ka stiechen - an déi och hei am Land, faarweg verpaakt, an den Zeitungsbutteker verkaaft ginn. Well awer keen Tubak dran ass, falen d'Nicotine Pouches net ënner Anti-Tubak-Gesetz, an et gëtt och soss den Ament kee rechtleche Kader dofir. Virun allem fir Jonker wier de Produit bedenklech, soe Kritiker. Duerch déi héich Dosis un Nikotin ass och de Sucht- an Vergëftungsrisiko héich. D'Morgane Weidig mat Detailer
arrow_back_ios
Aktuelles
Nicotine-Pouches: Cnapa fuerdert eng séier Reglementéierung
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
