Wann et ëm Sound geet, da misste Feeble Little Horse am Fong Strong Massive Horse heeschen. An hirem liicht schifen an heiansdo geräischvolle Pop spillt d'elektresch Gittar d'Roll vum Stimulant. D'Band vu Pittsburgh aus dem Pennsylvania ass Deel vun enger Zeen vun änlech Gesënnten, déi sech ronderëm de Saddle Creek Label versammelen, an zu där och They Are Gutting A Body Of Water a Spirit of the Beehive gehéieren.
Presentéiert vum Marc Clement.