Zu Lëtzebuerg hu Fraen 2021 am Duerchschnëtt 0,2 Prozent méi an der Stonn verdéngt wéi Männer. Domat ass Lëtzebuerg dat éischt Land, wou de sougenannte Gender Pay Gap zu Gonschte vun de Frae läit. Mee beim berechne vun dësem Ecart ginn eng Rei Facteuren net mat consideréiert. Dat huet de Paul Reiff, Zoustännege vun der Statec Etude eis am Interview erkläert. Dat sinn zum Beispill d'Primmen oder de Fait, datt Männer op d'Joer gerechent weiderhi méi verdéngen. Dëst well Fraen éischter d'Tendenz hunn net Vollzäit ze schaffen. D'Anik Raskin, Directrice vum Conseil National de Femmes du Luxembourg bedauert, datt deels wichteg Facteuren net an déi Berechnung mat afléissen a fuerdert dofir méi reegelméisseg a méi detailléiert Statistiken zum Gender Pay Gap. D'Morgane Weidig mat den Detailer
arrow_back_ios
Aktuelles
Gender Pay Gap: Fraen hunn zu Lëtzebuerg méi verdéngt wéi Männer
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
