Aktuelles
Hôtel des Postes soll viraussiichtlech 2025 opgoen
4 min
Den Hotel des Postes um Hamilius gëtt warscheinlech net wéi geplangt Enn 2024 fäerdeg. Dat well et gréisser Retarde bei den Ëmbauaarbechte géing ginn, esou d'Erklärunge vum Direkter vum Grupp Artea, Exploitant vum zukünftegen Hotel. Well dat historescht Gebai, dat weider am Besëtz vu Post Lëtzebuerg ass, ënner Denkmalschutz steet, soll e groussen Deel vun de Gebailechkeete stoe bleiwen an an deen neie Projet mat afléissen. Dat geschitt an enker Zesummenaarbecht mam Institut national pour le patrimoine architectural. D'Ouverture ass elo viraussiichtlech fir dat éischt Semester 2025 geplangt. D'Marlène Clement mat Detailer
Episoden
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)