Radioen

On air

Notturno  |  Luk. - Kaale Reen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aktuelles

100komma7.lu / Aktuelles

/ Cyberattack op Cobolux

Cyberattack op Cobolux

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Enn d'lescht Joer gouf de Metzleschbetrib Cobolux zu Wecker Affer vun enger Cyberattack, mat där se laang ze kämpfen hat. Cobolux zielt mat sengen 150 Mataarbechter zu de klengen a mëttelere Betriber hei am Land. Datt grad dëse betrib Affer gouf, läit un den opportunisteschen Intentioune vun der Attack. Dat heescht, datt d'Gruppen, déi esou Cyber-Attacke plangen, meeschtens net op konkret Informatiounen oder Donnéeën aussinn, mee si probéiere Suen ze kréien, andeems si Donnéeë klauen a verschlësselen, fir dann d'Affer ze erpressen - esou wéi et och bei Cobolux passéiert ass.

Sougenannte Cyber-Pirate kucken deemno net onbedéngt nëmmen no der Gréisst vun der Entreprise, bei där si Donnéeë klaue wëllen, mee si sichen éischter no einfache Schwaachstellen, erkläert de Pascal Steichen vum Luxembourg House of Cybersecurity. Weider Detailer vum Sophie Schroeder

Noriichten

Episoden

EU verurteelt Situatioun am Belarus

Virun dräi Joer gouf am Belarus de President Alexander Lukashenko erëmgewielt gouf. D'Resultat vun deene Wale gouf international net unerkannt.
headphones

3 min

play_arrow

Naturkatastroph a Slowenien

Nom schwéiere Reen de Weekend kämpft Slowenien mat enger Naturkatastroph mat immensen Ausmoossen. Sechs Leit koumen duerch d'Iwwerschwemmungen ëm d'Liewen.
headphones

3 min

play_arrow

Make Love not War

Erklärungen zu der ëmstriddener Message-Serie op FB vun déi Lénk vum Serge Tonnar, deen d'Iddi dofir hat, a vum Co-Parteispriecher Gary Diderich
headphones

4 min

play_arrow

Den Trump plaidéiert (nees) op onschëlleg

Dës Kéier am Prozess ëm de Stuerm op de Kapitol de 6.1.2021. De fréieren amerikanesche President gouf ë. a. wéinst Conspiratioun géint de Staat zu Washington ugeklot.
headphones

2 min

play_arrow

Fonds de travaux elo obligatoresch fir Koproprietéiten

Zanter dem 1. August musse Leit, déi eng Wunneng an enger Koproprietéit besëtzen, an ee Fong fir Aarbechten abezuelen.
headphones

2 min

play_arrow

Earth Overshoot Day

Déi natierlech Ressourcen op der Äerd si vun haut un all opgebraucht. Den Nohaltegkeetsrot widderhëlt dofir säin Appell, den ekonomesche Modell zu Lëtzebuerg ze iwwerdenken.
headphones

3 min

play_arrow

Nutri-Score weiderhi fräiwëlleg fir d'Entreprisen

De Label, deen den Närwäert vu verschaffte Produiten definéiere soll gëtt am Moment vu sechs Lëtzebuerger Produzenten op de Verpackungen ugewisen.

Lisbonne s'apprête à recevoir les Journées Mondiales de la Jeunesse

La ville fait le plein de visiteurs depuis plusieurs jours pour un évènement hors du commun, qui oblige à faire des investissements et à prendre des mesures de sécurité spécifiques.
headphones

4 min

play_arrow

Lisbonne s'apprête à recevoir les Journées Mondiales de la Jeunesse

La ville fait le plein de visiteurs depuis plusieurs jours pour un évènement hors du commun, qui oblige à faire des investissements et à prendre des mesures de sécurité spécifiques.
headphones

4 min

play_arrow

Gewalt a Kriminalitéit bei Jonken

Kee generaliséiert Phenomeen vu Jugendbanden zu Lëtzebuerg: esou d'Memberen aus zoustännege Chamberkommissiounen no Entrevue mat Parquet a Vertrieder vun der Police.
headphones

3 min

play_arrow

UNISEC zanter engem Joer ausgelaascht

D'Unité de Sécurité zu Dräibuer ass reegelméisseg un hire Limitten an huet nëmmen eng bis zwou Plaze fräi, esou den Direkter Ralph Schroeder.
headphones

3 min

play_arrow

L'Espagne se dirige-t-elle vers un blocage politique?

En Espagne, trois jours après les élections législatives, le pays reste dans le flou de son avenir politique.

Frankräich: Bilan no 100 Deeg

100 Deeg hat de franséischen President Emmanuel Macron sech a senger Regierung am Abrëll ginn fir nei Impulser am Land ze setzen. D'Kritik huet net laang op sech waarde gelooss.
headphones

3 min

play_arrow

China: 11 Doudeger no Zesummebrieche vu Schoulsportshal-Daach

Normal 0 false false false LB-LU X-NONE X-NONE MicrosoftInternetExplorer4
headphones

2 min

play_arrow

Véier Planzen - ausser an der WG

Vun haut un trëtt dat neit Cannabis-Gesetz a Kraaft. D'Gesetz gesäit vir, datt een als "communauté domestique" bis zu véier Planzen däerf ubauen. Villes bleift awer onkloer.
headphones

4 min

play_arrow

"Ech si komplett dergéint"

Zanter e Méindeg huet d'Vereenegt Kinnekräich en neit Immigratiounsgesetz, en Text, dee schaarf kritiséiert gëtt.
headphones

2 min

play_arrow

Body-Cams: Preventioun an Deseskalatioun

Bal 1.700 Polizisten zu Lëtzebuerg sollen an Zukunft mat sougenannte Body-Cams ekipéiert ginn. Dat néidegt Gesetz gouf an der Chamber ugeholl.
headphones

3 min

play_arrow

Passagéierrechter méi einfach revendiquéieren

Sech fir seng Rechter als Passagéier asetze soll an Zukunft méi einfach ginn. D'Plaintë sollen zentral behandelt ginn.
headphones

3 min

play_arrow

OAI: Schwiereg Situatioun fir de Bausecteur

D'Demandë fir Baugeneemegunge géifen op engem ganz déiwe Niveau stagnéieren. Dat stellt den Ordre des Architectes et Ingenieurs Conseils - kuez OAI - fest.
headphones

2 min

play_arrow

Observatoire fir Klimapolitik: CO2-Steier misst sech vervéierfachen

Den Observatoire fir Klimapolitik fënnt, datt eng CO2-Tax vu 45 Euro pro Tonn - wéi vum nationale Klima- an Energie-Plang virgesinn - net héich genuch ass.
headphones

4 min

play_arrow