Biotop
GUTT GESCHIER - eng Toolothéik
![on the headlines](https://100komma7.lu/legacy/images/Marianne%20Kollmesch.jpeg)
Vum Pinsel bis bei d'Buermaschinn: D'Tools vu GUTT GESCHIER gi bei Privatpersounen, dem Ressourcen-Zenter oder vun Entreprisë gesammelt an op enger Plaz zesumme stockéiert. Duerch den Online-Reservéierungs-System fir et auszeléine kënnt dëst Geschier erëm an de Kreeslaf, wou et gebraucht a genotzt gëtt. Esou kann et seng ganz Liewensdauer iwwer profitéiert ginn.
"Bei GUTT GESCHIER geet et ëm Handwierksgeschier, deem mir en zweet Liewen offréieren. De gréissten Deel vun deem Geschier gouf net méi gebraucht, obschonns et nach voll funktiounsfäeg ass. Mir bréngen dat Geschier erëm an den Ëmlaf, fir datt et weiderhi ka vun esou vill wéi méiglech Leit genotzt ginn".
D'Ausléine vu GUTT GESCHIER dréit dozou bäi fir d'Produktioun an de Kaf vun neiem Handwierksgeschier, wat Energie verbraucht an CO2 produzéiert, ze vermeiden, wéi och den Offall vu Geschier, dat kaum genotzt gëtt, ze reduzéieren.
"D'Agence vun der Transition Energétique a Frankräich hat 2018 festgestallt, datt déi duerchschnëttlech Gebrauchsdauer vun enger Buermaschinn bei nëmmen 12 Minutte läit. Dat heescht, datt se de Rescht vun der Zäit am Keller läit a Stepps fänkt".
esou d'Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung
D'Toolothéik ass an der Facilitec zu Esch-Uelzecht.
Episoden
Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?
Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger
De Wollef zu Lëtzebuerg?
De Wollef ass zeréck zu Lëtzebuerg! Musse mir elo fäerten, wa mir nuets an de Bësch spadséiere ginn?
De Bësch vu muer
De Bësch ass wichteg fir d'Ëmwelt, leit awer och ënner dem Klimawandel. Mee wat kann ee maache fir de Bësch méi widderstandsfäeg ze maachen?
Och de Buedem muss geschützt ginn
D'Biedem sinn am Ëmweltschutz vläicht net ëmmer esou present, mee e gesonde Buedem ass wichteg fir de gudde Fonctionnement vun der Ëmwelt.
Erfarunge mat Photovoltaik
Wéi einfach oder schwiereg ass et eng Solaranlag op den eegenen Daach z'installéieren? U wat muss een do alles denken?
![on.perfekt](/legacy/images/30035/image-thumb__30035__base_thumbnail/Muerten.b4097f12.jpg)
on.perfekt
D'Kooperativ verkeeft a sengem Pop-Up Store zum Beispill Geméis, dat et opgrond vun der Optik net bis an de Supermarché packt.
Carboncounter a Verglach-Plattform
Wëllt ee sech haut fir en nohaltegen Auto entscheeden, ginn et online Hëllefe fir dës Decisioun. Änlech ass et beim Choix vun der Elektro-Borne.
Wat muss ee bei der Photovoltaik wëssen?
Deel vum nationalen Energie- a Klimaplang ass et, datt och Privatpersoune bei der erneierbarer Energie hëllefen. Mee wat muss een do wëssen?
Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?
Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger
Letz Talk about Klima
D'Koalitioun United for climate justice huet dës Initiativ an d'Liewe geruff, fir d'Klima-Thematik an den ëffentleche Raum ze bréngen.
De Problem mat der Saison
Wéini ass et un der Zäit, e bestëmmte Geméis oder Uebst ze kafen? Dat ass deelweis guer net esou offensichtlech, wéi een kéint mengen.
KreaVert
En INTERREG-Projet, vu fënnef Partner aus der Groussregioun, bei dem et drëms geet d'Stied méi gréng ze maachen.
![Greenwashing](/legacy/images/25031/image-thumb__25031__base_thumbnail/Euro-Sch%C3%A4iner%20un%20der%20W%C3%A4schl%C3%A9ngt.72e03394.jpg)