Biotop
Moukewanderung
13 min
![on the headlines](https://100komma7.lu/legacy/images/Mouken.png)
Firwat brauche Mouken eis Hëllef? Wéi kënne mir mat engem klenge Geste Grousses bewierken?
Zu der typescher Liewensweis vun den Amphibië gehéiert, datt se esouwuel un de Liewensraum Waasser wéi och un d'Land gebonne sinn. Dowéinst musse se tëschent deenen zwee wanderen an eben dann och dacks iwwer Stroossen.
D'Moukewanderung ass normalerweis tëschent Enn-Februar bis Enn-Abrëll wann d'Temperaturen Nuets net méi ënner fënnef Grad Celsius falen.
Eigentlech muss een d'Deiere just drun hënneren op d'Strooss ze lafen an se op eng Platz ze leede wou se sécher eriwwer kommen. Dat ass awer net ëmmer méiglech, do kommen da Rettungsaktiounen an d'Spill, wou d'Déiere vun eise Mënschen eriwwer gedroe ginn. Awer och einfach schonn nëmmen d'Vitesse vun den Autoen op der Strooss limitéieren, ka schonn immens villen Déieren d'Liewe retten.
Kleng Gesten déi hëllefe kennen:
Lues fueren, op Plaze wou se awanderen. Wann ee mat 30 km an der Stonn fiert, stierwen an der Moyen 80 Prozent manner Déieren.
Lues fuere gëllt och bei Rettungsaktiounen. Wann Benevoller ënnerwee si fir den Déiercher ze hëllefen da fuert lues laanscht, fir datt kengem Eppes geschitt.
Episoden
Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?
Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger
De Wollef zu Lëtzebuerg?
De Wollef ass zeréck zu Lëtzebuerg! Musse mir elo fäerten, wa mir nuets an de Bësch spadséiere ginn?
De Bësch vu muer
De Bësch ass wichteg fir d'Ëmwelt, leit awer och ënner dem Klimawandel. Mee wat kann ee maache fir de Bësch méi widderstandsfäeg ze maachen?
Och de Buedem muss geschützt ginn
D'Biedem sinn am Ëmweltschutz vläicht net ëmmer esou present, mee e gesonde Buedem ass wichteg fir de gudde Fonctionnement vun der Ëmwelt.
Erfarunge mat Photovoltaik
Wéi einfach oder schwiereg ass et eng Solaranlag op den eegenen Daach z'installéieren? U wat muss een do alles denken?
![on.perfekt](/legacy/images/30035/image-thumb__30035__base_thumbnail/Muerten.b4097f12.jpg)
on.perfekt
D'Kooperativ verkeeft a sengem Pop-Up Store zum Beispill Geméis, dat et opgrond vun der Optik net bis an de Supermarché packt.
Carboncounter a Verglach-Plattform
Wëllt ee sech haut fir en nohaltegen Auto entscheeden, ginn et online Hëllefe fir dës Decisioun. Änlech ass et beim Choix vun der Elektro-Borne.
Wat muss ee bei der Photovoltaik wëssen?
Deel vum nationalen Energie- a Klimaplang ass et, datt och Privatpersoune bei der erneierbarer Energie hëllefen. Mee wat muss een do wëssen?
Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?
Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger
Letz Talk about Klima
D'Koalitioun United for climate justice huet dës Initiativ an d'Liewe geruff, fir d'Klima-Thematik an den ëffentleche Raum ze bréngen.
De Problem mat der Saison
Wéini ass et un der Zäit, e bestëmmte Geméis oder Uebst ze kafen? Dat ass deelweis guer net esou offensichtlech, wéi een kéint mengen.
KreaVert
En INTERREG-Projet, vu fënnef Partner aus der Groussregioun, bei dem et drëms geet d'Stied méi gréng ze maachen.
![Greenwashing](/legacy/images/25031/image-thumb__25031__base_thumbnail/Euro-Sch%C3%A4iner%20un%20der%20W%C3%A4schl%C3%A9ngt.72e03394.jpg)