Liewe fir de Veräin
Marion Dubois
44 min
Refugiéen, déi viru Krich oder Verfolgung hir Heemecht verloossen a Sécherheet an engem anere Land sichen, ginn dofir grouss Risiken an. Si kommen an ee Land, z. B. op Lëtzebuerg, dacks an eng, fir si friem Welt, eng komplett aner Kultur wéi déi, déi si gewinnt an an där si opgewuess a gelieft hunn. Wéi virgoe fir hei Asyl a Schutz ze kréien, wat fir eng Rechter huet den Demandeur bei eis am Land? Hëllef bei deenen an anere Froe bitt d'ASBL Passerell, op där hirer Homepage steet: "Humanisons le droit d'asile".