arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

De Premier Xavier Bettel huet dem Direktiouns-Comité vun der Maison du Grand-Duc viru knapp engem Mount een Ultimatum gestallt: doriwwer informéiert de Moien d'Lëtzebuerger Land. Rieds geet vun enger Gouvernance-Kris bei dëser Institutioun, déi am Déngscht vum Staatschef ass.


D'Bedruchsaffär wäert kaum Suitten hunn, heescht et dann am Editorial vum Davis Thinnes am Luxemburger Wort: hei geet et ëm déi béid Gemenge-Beamten zu Hesper, déi bannent 19 Joer 5,2 Milliounen Euro solle verontreit hunn, wat kee matkritt hat.


D'Tageblatt huet e Verglach tëschent dem ëffentlechen Transport an dem Auto gemaach: wärend dem Beruffs-Trafic ass d'Zeitung digital aus 144 Lëtzebuerger Uertschaften op déi Stater Gare gefuer, eng Kéier mam ëffentlechen Transport an eng Kéier mam Auto.


An de Quotidien huet e Bléck hanner d'Kulisse vum Hotel Le Royal hei an der Stad gehäit: all Dag géife sech 16 Leit am prestigiéise Fënnef-Stären-Hotel ëm d'Botze vun den Zëmmeren op sechs Stäck këmmeren.

Episoden

Editioun vum Weekend

Reegelen um Logementsmarché déi ëmgaange ginn, den Zougang zu Kultur, an d'Iwwerlaaschtung vun der Kannerpsychiatrie - dat sinn d'Theemen an der nationaler Press vum Weekend.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Jiddfereen wëll eng Tripartite, ee Wal, dee stierft an eng schéi Foto, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

E Rapport vun der Cour des comptes, ee Wal, dee stierft an eng schéi Foto, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Problemer mat Zecken, Spritpräisser an hir Konsequenzen a fiicht Fotoen, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Rietsextreem Bekannten, Spritpräisser an hir Konsequenzen an eng Reebou-Vëlospist, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Déi schwaarz-blo Koalitioun huet kee Projet, d'Suerge vun de Baueren an d'Problemer vun der Filmbranche, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Elektroautoen an d'Pëtrolskris, d'Suerge vun de Baueren an d'Problemer vun der Filmbranche, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

An den Zeitunge sinn haut Kommentaren zu de Walen an Ungarn an d'Editorialiste verstoppen net hir Freed an Erliichterung, datt de Viktor Orbán endlech fort ass.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

De méiglechen Interessekonflikt beim Centre Cigale, Ierger bei den Awunner vun Haler wéinst enger Mobilfunkantenn an eng emotional Victoire vum Mats Wenzel a Spuenien.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Diskussioun ronderëm de Mindestloun schéngt nach laang net giess ze sinn, et ass grousst Theema an den Zeitungen, déi déi annoncéiert Erhéijung och am Detail chiffréieren.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

Suicide-Preventioun, d'Kritik um Gesetzesprojet fir Asyl a Migratioun an eng Petitioun iwwer geschlechterbaséiert Gewalt sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

Theemen haut sinn ë. a. Luef fir déi Lénk an en 117 m héijen Tuerm fir de Belval
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Cadeauen vun ArcelorMittal, d'Paulette lenert an de Staatsrot an eng Petitioun fir d'Lëtzebuergescht, dat sinn d'Themen an eiser Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Lëtzebuerger Schëffer am Persesche Golf, Cadeaue vun ArcelorMittal an eng Petitioun fir d'Lëtzebuergescht, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Sënn an Onsënn vu Petitiounen, wat brénge Moundmissiounen a keen Enn vun der Wunnengskris, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Illegal E-Zigaretten, de Sënn vu Moundmissiounen a wat de Mindstloun mam Wunnengsproblem ze dinn huet, dat sinn d'Themen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Reestendenzen an der Ouschtervakanz, de Colismarché zu Lëtzebuerg an déi Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik: eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Déi Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik, de Beruff vum Dierwiechter an d'Enn vum Lëtzebuerger Jobwonner, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

D'Leed vun de Frontalieren, Rekord-Dieselpräisser an Drogen am Ofwaasser, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Drogen am Ofwaasser, deen neien MSF-Direkter an den Impakt vum Pëtrolspräis, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow