Presserevue
Presserevue
4 min
"Felix Braz verliert vor Gericht", dat mellt de Moien den Online-Magasinn Reporter, am Kader vum fréiere grénge Minister senger Plainte géint seng Entloossung aus der Regierung.
"Moskau verweigert sich", esou huet de Guy Kemp säi Leitartikel am Tageblatt iwwerschriwwen: et geet ëm d'Diskussiounen iwwer Verhandlungen.
"Zahlen lügen nicht? Manchmal doch": dat stellt de Marco Meng am Leitartikel am Luxemburger Wort fest.
Iwwer "Boulot, bouchon, dodo" schreift de Laurent Duraisin am Quotidien-Editorial: D'Entreprise TomTom huet hire Palmarès vun de Stied mat deene meeschte Staue verëffentlecht.
An international Solidaritéit géint "Hire and Fire", dat fuerdert den Oliver Wagner am Leitartikel an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek: d'US-Konzerner Microsoft, Amazon, Meta an Alphabet hunn ugekënnegt, weltwäit Zéngdausenden Aarbechtsplazen ofzebauen.
Déi national Press presentéiert vum Serge Kesseler.