Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Dem David Lynch seng "small stories" grouss an Zeen setzen

Dem David Lynch seng "small stories" grouss an Zeen setzen

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

"Am Fong sinn ech Moler" gëtt den David Lynch momentan um Internetsite vum Cercle Cité zitéiert. Effektiv huet de Kultrealisateur fir d'éischt emol plastesch Konscht studéiert. Mee him huet bei senge Skulpturen d'Beweegung a virun allem den Toun gefeelt. De Medium Film huet him also ideal geschéngt, fir seng Geschichte senge Virstellungen no ze zielen. Well am Kader vum Luxembourg City Filmfestival 2023 d'David-Lynch-Filmer eng wichteg Plaz kréien, huet d'Ekipp vum Cercle Cité decidéiert, seng Skulpturen a Fotoe fir de Lëtzebuerger Public en valeur ze setzen. A wéi eng Sujeten traitéiert d'"small stories"-Fotoserie? Dozou d'Anastasia Chaguidouline, déi Responsabel fir d'Programmatioun vum Cercle Cité.

Episoden

headphones

11 min

play_arrow

E ganz familiäre Concert

Kammermuseksconcert an der Philharmonie mat fënnef Museker, déi sech all ganz gutt kennen, deels zanter méi wéi 20 Joer.
headphones

11 min

play_arrow

headphones

9 min

play_arrow

Los Bitchos um Out of The Crowd Festival

4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen.
headphones

5 min

play_arrow

Waffle Killers: Punk mat Live-Energie um Out of the Crowd

Um Out of the Crowd Festival beglécken och ëmmer eng Koppel local Bands d’Bün vun der Kulturfabrik. Dëst Joer sinn dat déi jonk Punk-Band Waffle Killers, an d’Hardcore Band.
headphones

6 min

play_arrow

“Ech sinn der Unbekannte Bekannte”

Den Anselme Pau huet een neien Album mat Filmmusek erausbruecht: "Hidden Scores"
headphones

12 min

play_arrow

Black Mirror

Mëttlerweil ass déi siwent Staffel vun der Serie op Netflix ze gesinn.
headphones

6 min

play_arrow
Cinder Well: Folkmusek aus Kalifornien

Cinder Well: Folkmusek aus Kalifornien

Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Amelia Baker am Interview
headphones

10 min

play_arrow
Esch am Saxo-Sound

Esch am Saxo-Sound

Den éischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg - wéi ass et gelaf?
headphones

7 min

play_arrow
"Toronto" vun der Elisabeth Benoit

"Toronto" vun der Elisabeth Benoit

Ee Roman iwwer de Fall Johnny-Depp-Amber-Heard
headphones

8 min

play_arrow
"Prima Facie" am Théâtre du Centaure | © Bohumil Kostohryz

"Prima Facie" am Théâtre du Centaure

Am Gespréich mat der Metteuse en scène Marja-Leena Junker an der Schauspillerin Céline Camara
headphones

20 min

play_arrow
"D'Chance säin eegent Land ze representéieren" | © GIE Luxembourg - Expo 2025 Osaka Ondrej Piry

"D'Chance säin eegent Land ze representéieren"

De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.
headphones

11 min

play_arrow
D'Coup de coeure vun der Militärmusek

D'Coup de coeure vun der Militärmusek

Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek, hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun an een externt Team getraff, fir en neien Album opzehuelen.
headphones

8 min

play_arrow
LiteraTour

LiteraTour

D'Fest vum Buch an der Gemeng Beetebuerg fänkt Ouschterméindeg un.
headphones

21 min

play_arrow
Guy Rewenig - Goss | © Wikipedia / Cornischong

Guy Rewenig - Goss

De Roman, dee bei Guy Binsfeld publizéiert gouf, ass fir de Servais-Präis 2025 nominéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Interview mam Wang Bing | © Michel Delage

Interview mam Wang Bing

E Gespréich mam chineeseschen Dokumentarist Wang Bing iwwer seng Youth-Trilogie
headphones

12 min

play_arrow
Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda | © Dagmar Hesse

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda

Zwou Premièrë fir d'Edith Haller: éischten Optrëtt mat engem Jugendorchester an éischte Concert zu Lëtzebuerg
headphones

8 min

play_arrow
Festival du Livre zu Paräis | © Max Tholl

Festival du Livre zu Paräis

De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.
headphones

6 min

play_arrow
Um Radar: ënner der Woch

Um Radar: ënner der Woch

Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
headphones

4 min

play_arrow
Anne-Marie Reuter:  M for Amnesia

Anne-Marie Reuter: M for Amnesia

Shortlëscht fir de Servais-Präis 2025
headphones

11 min

play_arrow