Liewe fir de Veräin
Camille Schneider a Sophie Wiesner
46 min
Hëllef an ënnerentwéckelte Länner, ob elo direkt vum Staat oder duerch déi verschiddenst Organisatiounen, ass essentiel fir de Mënschen an de Länner vun der Drëtter Welt och eng Chance ze ginn ee liewenswäert Liewe kënnen ze féieren. Heibäi spillt d'Hëllef zur Selbsthëllef eng ganz wichteg Roll. An Haiti, engem vun den äermsten Länner, ass d'ASBL Objectif Tiers Monde (OTM) scho bal zanter 40 Joer engagéiert. Iwwer d'Associatioun wéi den Engagement geet rieds mat den Invitéen, dem President vun der ASBL an der Responsabeler fir d'Konzeptioun an d'Koordinatioun vun de Projeten.