Panorama
Panorama
11 min
Op iwwer 2300 Doudeger as de Bilan vum schroen Erdbiewen an der Tirkei an a Syrie geklommen, eng ganz Partie Länner hun Hëllef ugebuede an Rettunsgequipe op d'Plaatz geschëckt.
D'Cour des comptes huet fir 2021 keng Irregularitéite bei der Parteiefinanzéierung festgestallt, dat geet aus hirem leschte Rapport ervir,
Den ukrainesche Verdeedegungsminister Resnikov belift virleefeg op sengem Posten, dem Politiker war Korruptioun am Kontext mat Liewensmëttelakeef virgehäit gin. D'Ukraine warnt iwwerdeems virun enger neier russescher offensiv.
De Fluchhafen Hahn kinnt demnächst en neien Propriétair kréien, e russeschen Oligarch aus dem Pharmasecteuer ass elo de Kandidat mat de meeschte Chancen.
An Dänemark guf et elo fir d'éischte Kéier gréng Luut fir e Projet mat dem CO2 soll ënnert de ier stockéiert gin. Totalenergie skann de Pilotprojet op iwwer 2000 Quadratkilometer bedreiwen.
De weltwàite Fluchtraffic huet sech nees däitlech erholl a läit elo nees bal um Niveau vu virun der Pandemie. Dem internationale Verband fir Fluchverkéier no giff just Asien nach hannendrun hänken.
Den englesche Premier League Veräin Manchester City muss mat empfindleche Strofe rechnen , dat wéinst jorelangem Verstouss géint Finanzregelen. Am schlëmmste Fall giff de Veräin aus der Premiere League eliminéiert gin.