Panorama
Panorama
9 min
De Fernand Ernster gëtt neie President vun der Chambre de commerce, hie gëtt domadder Successeur vum Luc Frieden, dee säi Posten opginn huet fir d'CSV an d'Walen ze féieren
Divergenzen an der Regierung nodeems de Landwirtschaftsminister Claude Haagen en europäeschen Appell mat ënnerschriwwen huet fir méi Ëmweltkompetenze fir Agrarministeren. D'Ëmweltministesch sot eis, si wier doriwwer net informéiert ginn
E staarkt Symbol, zu Kiew ass haut den EU-Ukrain-Sommet. D'Ukrain erwaart sech esou séier wéi méiglech Bäitrëttsperspektiven
Déi däitsch Regierung wëllt Leoporad 1 Panzer aus Industriebestänn fräiginn, Dozenden där Panzer kéinten deemno fir eng Liwwerung un d'Ukrain preparéiert ginn
Déi däitsch Autosindustrie kuckt nees méi optimistesch an Zukunft, enger IFO-Ëmfro no wieren d'Commandë weiderhin op engem héijen Niveau. Méi kriddeleg gesäit et dogéint bei den Zouliwwerer aus
Kal Dusch fir d'Risen aus dem Tech-Beräich, dat lescht Trimester ass fir Apple, Amazon an Alphabet net optimal verlaf. No den exzellenten Zuele wäred der Corona Pandemie hunn déi grouss Konzerner un Terrain verluer. Ob de Bourssen hunn d'Coursen zum Deel däitlech nogelooss