Panorama
Panorama
12 min
1. Perquisitioune beim Immobiliegrupp Cenaro, eng Persoun gouf festgeholl a koum an Untersuchungshaft
2. D'Streidereien an der Gemeng Réiden, ronderëm deen zweete Schäffen Tom Faber, spëtze sech zou
3. Deen drëtten Naturschutzplang huet d'Zil, bis 2030, 30 Prozent vum Territoire als Schutzzonen auszeweisen
4. Lëtzebuerg huet och am Januar déi europäesch Energiespuerziler erreecht: et gouf 25,5 Prozent manner Gas consomméiert
5. Den OGBL fuerdert d'urgence Mesurë géint de Personalmanktem am Gesondheets- a Fleegesecteur an an der Kannerbetreiung
6. D'Europäesch Zentralbank huet, wéi erwaart, de Leetzëns ëm een hallwe Prozentpunkt op elo 3 Prozent erhéicht
7. D'EU-Spëtzt ass op Visitt an der ukrainescher Haaptstad Kiew
8. "Et wier bal net ze gleewen, datt 80 Joer no Stalingrad, Russland nees vun däitsche Panzere menacéiert gëtt", sot de russesche President Putin
9. De franséische Fussball-Nationalspiller Raphaël Varane geet mat 29 Joer an d'Pensioun