Panorama
Panorama
10 min
1. A Frankräich ass haut deen zweete grousse Streik- a Protestdag géint déi geplangte Pensiounsreform
2. An der Bréisseler Metro-Statioun Schuman gouf et gëschter Owend eng Messerattack, eng Persoun gouf liewensgeféierlech blesséiert
3. D'Reegele fir d'Déierentransporter an der EU sollen iwwerschafft ginn. Lëtzebuerg setzt sech dofir an, datt et verbuede gëtt lieweg Déieren an net-EU-Länner ze transportéieren
4. D'USA wäerten der Ukrain keng Kampffligere vum Typ F16 liwweren, esou de President Joe Biden
5. An der belscher Atomzentral zu Tihange bei Léck gëtt de Reakter 2 den Owend no 40 Joer definitiv ofgeschalt
6. Déi brittesch Ekonomie ass déi eenzeg vun de G7 Länner, déi dëst Joer an eng Rezessioun wäert rëtschen, mat engem Réckgang vun 0,6 Prozent, esou déi neist Previsioune vum internationale Wärungsfong
7. De brittesche Popstar Robbie Williams spillt wéinst héijer Tickets-Demande nach e Concert zu Lëtzebuerg, esou den Atelier. Och den 10. Juli trëtt de Robbie Williams beim Open-Air-Concert bei der Luxexpo op. Deen éischten annoncéierte Concert, den 11. Juli, war séier ausverkaaft