A sengem Wierk "Misa a Buenos Aires", och bekannt als "Misa Tango" verbënnt de Komponist Martin Palmeri zwou Welten. Op där enger Säit déi vun den traditionelle Masskompositiounen, op där anere Säit déi vum Tango, wéi een e vum Astor Piazzolla kennt. Dëst besonnescht Wierk steet e Sonndeg (5.02.) am Cube 521 zu Maarnech op der Affiche, bei engem Concert vun de Luxembourg Chamber Players zesumme mam Chouer Helvetia Tandel.
De Luc Boentges huet mam Dirigent Thomas Raoult iwwer dës Tango-Mass geschwat.