Panorama
Panorama
12 min
1. Agrarsommet zu Senneng: et soll e landwirtschaftlechen Zukunftsdësch an d'Liewe geruff ginn
2. An der Chamberkommissioun gouf haut iwwer déi nei Investitiounsstrategie vum Pensiounsfong diskutéiert
3. Diesel an Heizungsmasutt gi vu Mëtternuecht u méi bëlleg
4. Waasserverknaschtung: bei Maartel ass Ueleg an d'Sauer gelaf, Drénkwaasser am Stau ass net a Gefor
5. Covid- a Grippeninfektioune gi weider zeréck
6. Déi Responsabel vum Lunata-Gebuertshaus fäerten, datt et nach Jore kéint daueren, bis Fraen do dierfen accouchéieren
7. Aarbechtsaccident zu Schengen: Daachdecker ass siwe Meter erofgefall, en ass net a Liewensgefor
8. Arméierten Iwwerfall gëschter zu Elleng, Täter sinn op der Flucht
9. Zuchstreck tëschent Rodange a Lonkech bis op Weideres wéinst techneschem Problem gespaart
10. Bei de massive russesche Rakéitenattacken op ukrainesch Stied koumen de Moien eelef Mënschen ëm d'Liewen
11. US-Ausseminister Blinken reest de Weekend an Israel an an d'Westjordanland no den israeeleschen Attacken op Dschenin
12. Grousse Coup géint en internationale Reseau vu Cyberkriminelle mam Numm Hive Ransomware