Panorama
Panorama
12 min
1. Den CSV-Nationalrot kritt de Luc Frieden als CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen am Oktober d'nächst Woch presentéiert, dat huet den 100,7 confirméiert kritt
2. Zwee Deeg Teletravail fir jiddwereen, Residenten a Frontalieren, dat fuerdert eng Petitioun, déi haut a der Chamber diskutéiert gëtt
3. Neie Gesetzesprojet am Beräich Dateschutz: Beweegungs- a Lokaliséierungsdaten däerfen an Zukunft net méi systematesch gesammelt ginn
4. Trotz Multi-Krise war d'lescht Joer e gutt Joer fir de Commerce, esou d'clc
5. Sechs ONGe fuerderen um Agrarsommet mat um Dësch dierfen ze setzen
6. Zwou Lëtzebuerger Co-Produktioune sinn nominéiert fir d'Césaren 2023: "Le petit Nicolas" an "Ernest et Célestine"
7. Déi däitsch Regierung huet confirméiert, datt se 14 Leopard-Kampfpanzer un d'Ukrain liwwert
8. Weltwäit Pann bei Microsoft: Teams an Outlook sinn ausgefall
9. Australien Open: den Novak Djokovic ass an der Halleffinall