Fräie Mikro
D'Klimaprotester: verlugen a schäinhelleg?
4 min
"D'Klimaprotester sinn dach verlugen a schäinhelleg." "Wie fir Klimaschutz demonstréiert, soll sech dach gefällegst selwer als éischt aschränken." Esou Spréch héiert een ëmmer nees, wa Jonker sech fir méi Klimaschutz asetzen. Wien esou argumentéiert, huet näischt verstanen, fënnt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker. Beim Klimaschutz géing et net drëms goen, perfekt ze sinn an askeetesch ze liewen, mee ëm strukturell Verännerungen.