Ee Festival zentréiert op een eenzege Komponist? Där gëtt et zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun net vill. De Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck stellt elo de "Festival de piano +" fir déi 4. Kéier op d'Been. Dëst Joer ass et de Franz Liszt, deen am Mëttelpunkt vun de 4 Deeg steet. D'Marie Schockmel war op d'Pressekonferenz, wou de Carl Adalsteinsson, den Direkter vum CAPE, de Maurice Clement, de Co-Curateur vun dëser Editioun, an de Pianist Jean Muller all Detailer zum Festival ginn hunn.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
"De Liszt war ee Popstar"
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
