Aktuelles
Polnescher Televisiounschaîne dreet Milliounestrof
4 min
Eng polnesch Televisiounschaîne ass der regéierender nationalkonservativer Partei PiS ze regierungskritesch. Hir dreet dowéinst eng héich Geldstrof. Déi nationalkonservativ Partei behaapt, datt déi privat Televisiounschaîne am September zejoert an engem Reportage Ligen iwwer den deemolege Verdeedegungsminister verbreet hunn. Elo léisst déi polnesch Regierung ënnersichen, ob dëse Reportage géint déi national Interessie ginn a soumat déi ëffentlech Sécherheet a Gefor bréngt. D'Enquête kéint och dozou féieren, datt déi polnesch privat Televisiounschaîne hir Lizenz ewech geholl kritt.
A Polen gëtt dëst Joer am Hierscht en neit Parlament gewielt. Vill Experte wäerten dës Aktioun als Propaganda a rechnen domat, datt dat en Afloss op d'Wale kéint hunn. Ee Bäitrag vum ARD-Korrespondent Martin Adam
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)