Panorama
Panorama
11 min
1. D'Chambre des Salariés fuerdert eng fundamental Revisioun vun der Steiertabell
2. Den Educatiounsministère ass iwwerrascht iwwer déi vill Kritik um Gesetzesprojet fir d'Schoulflicht vu 16 op 18 Joer eropzesetzen
3. Et soll en neit Gesetz kommen, fir Funktioun vun den Dageseltere méi attraktiv ze maachen
4. Lëtzebuerg stellt, nieft Paräis, Wien a Madrid d'Kandidatur fir de Siège vun der neier Europäescher Agence géint Blanchiment an Terror-Finanzéierung AMLA
5. Den SPD-Inneminister vun Niedersachsen Boris Pistorius gëtt neien däitsche Verdeedegungsminister
6. Europa ënnerstëtzt d'Ukrain esou laang wéi néideg, dat sot d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen um Weltwirtschaftsforum zu Davos
7. A Somalia koume 35 Mënschen bei der Attack op eng Militärbas ëm d'Liewen
8. Am Vietnam ass de President Nguyen Xuan Phuc zeréckgetrueden
9. De Parquet vu Paräis huet eng Enquête géint de President vun der franséischer Fussball-Federatioun Le Graët wéinst Harcèlement moral a sexuel opgemaach