Ee Concert mat dräi Gittaren an enger Mandolinn, dee vill Magie versprécht? Dat gëtt et dëse Mëttwoch (11.1.) am Stater Conservatoire. Um Programm stinn nieft Wierker vum Norbert Sprongl a Federico Moreno Torroba och Wierker vum kubanesche Komponist a Gittarist Leo Brouwer.
D'Marie Schockmel huet sech mam Gittarist Hany Heshmat ënnerhalen.