Den Daniel Barenboim ass nees zeréck um Dirigéierpult. No laanger Krankheet ass den 80-järegen Dirigent nees mat der Staatskapelle Berlin opgetrueden a gouf dofir mat minuttelaangem Applaus geéiert. Um Programm vum Silvesterconcert stoung déi néngt Sinfonie vum Ludwig van Beethoven.
D'Maria Ossowski vun der ARD huet dësen éischte Concert vum Daniel Barenboim suivéiert.