Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Genuddels a Gejiips

100komma7.lu / Genuddels a Gejiips

/ Carnegie Hall Jazz Band a Count Basie Orchestra

Carnegie Hall Jazz Band a Count Basie Orchestra

1996 koum den Album "The Carnegie Hall Jazz Band" op Blue Note eraus, an deen huet groussaarteg nei Arrangementer vun alen a manner alen Jazz Kompositiounen ze bidden, déi vun enger weltklass Big Band performt ginn. Den Jon Faddis dirigéiert, Leit wéi de Lew Soloff, Dick Oatts, Gary Smulyan, Slide Hampton oder Lewis Nash fëllen d'Ränk op. En absolutte Bijou, deen a kenger erweiderter Big-Band-Kollektioun sollt feelen.

De Count Basie Orchestra, deen zanter 1931 17 Grammyen ofgeraumt huet, an och nom Doud vum Leader 1984 nach mat vill Succès d'Welt betourt, huet 2008 ee Christmas Album mam Tony Bennett opgeholl.

Presentéiert vum Pol Belardi

Episoden