Panorama
Panorama
12 min
1. De Sozialminister wëllt näischt méi un den 144 Euro Remboursement fir eng Stonn Psychotherapie änneren
2. De Luc Zwank gëtt neien Direkter vun der Ëmweltverwaltung, d'Anne Majerus gëtt Directrice adjointe
3. De Chômagetaux bleift am November stabel bei 4,9 Prozent
4. D'Privatschoul Sainte-Sophie stellt dräi Klassesäll fir Flüchtlings-Accueil-Klassen zur Verfügung
5. Police sicht no engem Chauffeur vun engem orange Smart, dee gëschter Owend tëschent dem Findel an dem Neiduerf eng Persoun ugestouss huet
6. An Däitschland ass eng fréier Sekretärin vum KZ Stutthof zu zwee Joer Prisong mat Sursis verurteelt ginn
7. Déi fréier Vizepresidentin vum EU-Parlament Eva Kaili hätt Korruptiounsskandal deelweis zouginn, mellen auslännesch Medien
8. D'Enquêtëkommissioun ronderëm d'Erstiermung vum Kapitol zu Washington recommandéiert dem amerikanesche Justizministère, eng Plainte géint den Donald Trump ze maachen
9. Den argentinesche President Fernandez huet dem russesche President Putin seng Gratulatiounen fir déi argentinesch Fussballekipp mat engem Appell fir de Fridden ugeholl