Panorama
Panorama
11 min
1. De Plaffong fir de Gaspräis steet. Deem Accord vu gëschter no géif de Präis ënner bestëmmte Konditioune op 180 Euro pro Megawattstonn gedeckelt
2. De Bausecteur schléit Alarm, fir d'nächst Joer gëtt mat engem Abroch vun de Commandë gerechent
3. Lëtzebuerg huet am europäesche Verglach u Kompetitivitéit verluer, bleift awer am Spëtzepeloton, dat geet aus dem rezente Rapport vum Observatoire de la compétitivité ervir, dee gëschter verëffentlecht gouf
4. Den Donald Trump soll ugeklot ginn, dat ass deen eestëmmegen Verdikt vun der Enquêtëkommissioun. D'Decisioun läit elo beim amerikanesche Justizminister
5. Dee fréieren amerikaneschen Hollywood Produzent Harvey Weinstein gouf op en Neits wéinst Vergewaltegung verurteelt
6. Deen ieweschte Geriichtshaff an den USA huet d'Auslafe vun enger ëmstriddener Reegelung fir Auslänner auszeweisen annuléiert. Mat der Reegelung, déi op de President Trump zeréckgeet, dierfen illegal Immigranten direkt nees iwwer d'Grenz gesat ginn
7. Eis Dëschtennis Nationalekuipp bei den Damme klappt an der EM-Qualifikatioun Éisträich mat 3-1