arrow_back_ios
Liewe fir de Veräin
Jean-Jacques Schonckert
1988 gouf d'ASBL Mäi Wëllen, Mäi Wee gegrënnt, deemools nach ënner engem anere Numm. Si engagéiert sech fir d'Aféierung vun engem Gesetz iwwer d'Euthanasie, ee Gesetz, dat 2009 gestëmmt gouf. Zanter Mäerz 2020 ass d'Associatioun als Utilité publique unerkannt. De President ass stolz op d'Aarbecht vum ganzen Team wéi och vum Verwaltungsrot, wat d'Informatioun an d'Berodung iwwer Stierfhëllef ugeet, mee et géif nach vill ze dinn.