arrow_back_ios
Aktuelles
"Iergendwou muss sech eppes veränneren"
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
Educatiounsminister an Enseignantsgewerkschafte si sech eens: An der Grondschoul misst d'Approche zu de Sproochen iwwerduecht ginn. De Claude Meisch wënscht sech, datt et an Zukunft an alle Grondschoulen am Land de Choix tëschent enger franséischer an enger däitscher Alphabetisatioun gëtt. Den SNE an den SEW si prinzipiell bereet mat op dee Wee ze goen. Fir d'Gewerkschafte stelle sech dobäi awer nach vill Froen.
D'Pia Oppel mat de wichtegsten Aussoen aus eiser Emissioun Kaarten op den Dësch vu gëschter.