Panorama
Panorama
8 min
1. D'Lydie Polfer féiert eisen informatiounen no d'Lëscht vun der Stater DP un
2. Kroatien ass am Schengenraum, Bulgarien a Rumänien mussen dobausse bleiwen, de Lëtzebuerger Ausseminister ass iwwer dës Decisioun net begeeschtert, wëllt awer net blockéieren
3. D'EU wëllt hir Energieinfrastruktur reegelméissege Stresstester ënnerzéien, dat als Konsequenz op d'Sabotageaktioune géint d'Nordstream Pipelinen
4. Groussbrand am Norde vu Moskau, en Akafszenter vun iwwer 7.000 Metercarré steet do a Flamen, eng Persoun koum ëm d'Liewen, D'Pompjeeë schwätze vun enger kriminellen Originn
5. De fréiere peruanesche President Castillo muss an Untersuchungshaft, den ieweschte Geriichtshaff huet dat decidéiert, well de Mann kéint flüchten an eventuell Komplizen hätt
6. An Däitschland ass de Wee fir den 49 Euro Billjee elo fräi, no laangem hin an hier soll am Fréijoer vum nächste Joer een eenheetlechen Tarif fir regional Zich a Busse gëllen
7. Op der Fussball-WM ginn haut déi éischt Véierelsfinalle gespillt, d'Affichen heesche Kroatie géint Brasilien an Holland géint Argentinien