Musek am Gespréich
"De César Franck ass de Chopin vun den Organisten"
60 min
"Franck - Père de la symphonie pour orgue" heescht ee Coffret mat 2 DVDen an 2 CDen, déi 2015 fir den 125. Doudesdag vum Komponist erauskoumen. Obschonns de Franck selwer keng Uergelsymphonie geschriwwen huet, war en awer de Matbegrënner vun engem Genre, deem seng Entwécklung och wesentlech mat der Entwécklung vum Instrument zesummenhänkt. De Maurice Clement, Titularorganist vun der Philharmonie an an der Dekanatskierch zu Dikrech, huet sech an deene leschte Joren intensiv mam César Franck sengem Uergelwierk beschäftegt. Vum 9. - 11.12.2022 proposéiert en eng Intégrale vum Franck sengen Uergelwierker, déi dann am Summer 2023 och op Disque erauskënnt. De Guy Engels huet sech mam Maurice Clement iwwert de César Franck a seng Uergelmusek ënnerhalen.