D'Welt-Klimakonferenz bréngt bal 200 Länner zesumme fir iwwer de Klimawandel ze diskutéieren, an ze probéieren d'Äerderwiermung ze bremsen. A wann all Land op der nämmlechter Plaz representéiert ass, wéi dëst Joer zu Sharm El-Sheikh an Ägypten, da bréngen si och all d'Problemer, Streidereien, a Kricher mat sech. Um roude Mir ass och Russland mat enger grousser Delegatioun do, an ënnert hinnen si Dosende Representante vun de Pëtrol a Gas-Industrien. Einfach hunn si et awer net well op der COP27 maachen och Aktivisten aus der Ukrain op sech opmierksam, och wann si et seele packe fir Russesch Delegéiert ze konfrontéieren.
arrow_back_ios
Aktuelles
Op der COP27 mécht d'Ukrain trotz Allem op sech opmierksam
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
Episoden
Et ass nees esouwäit
Vun e Samsden op e Sonnden gëtt d’Zait nees em eng Stonn zréck geréckelt. D’ Julie Hoffmann war bei d'Leit nofroen wat si vun der Zäitëmstellung halen.
Ënnerwee op der Nuit des Musées
Den 10. Oktober war déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées.
Kaffi: Fir vill Leit net ewechzedenken
Fir vill Leit gehéiert de Kaffi zum Alldag. Mee bis en an eiser Taass lant, huet en e laange Wee hannert sech.
Éier d'Schueberfouer d'Dieren opmécht
Laang éier déi éischt Visiteuren iwwert d'Schueberfouer lafen, gëtt um Site scho fläisseg geschafft, datt déi verschidde Spiller an Attraktioune prett a sécher fir den Dag sinn.
Impressioune vun der Journée du Portugal
De 6. Juni war zu Diddeleng d'Journée du Portugal. An dem Kader war och de Portugisesche President AntonioJosé Seguro op der Plaz. Mir hunn e puer Impressiounen agefaangen.