56 Stänn, 49 Natiounen, siwen Theemen an eng Hellewull un Neiegkeeten an Iwwerraschungen erwaarden d'Visiteuren um Bazar International De Luxembourg dëse Weekend an der LuxExpo.
D'Presidentin vum Bazar International De Luxembourg Carmen Decalf huet dem Philippe Hansen am Virfeld Explikatiounen iwwer d'Editioun 2022- an iwwer hir Organisatioun ginn, bei dàr de Benevolat am Mëttelpunkt steet.