Aktuelles
Interview mam Xavier Bettel op der COP27
5 min
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel war gëschter Owend (8.11.) an Ägypten ee vun Dosende Staats- a Regierungscheffen, déi hir Rieden op der Weltklimakonferenz gehalen huet. Hien huet d'Aarbecht vum Klimabiergerrot gelueft a gesot, datt hir Recommandatiounen nach méi ambitiéis si wéi déi, déi een op der COP27 héiert. Och huet hie Russland ass eenzege Responsabele fir déi aktuell Energiekris genannt. Et ass déi russesch Invasioun vun der Ukrain, déi der UN no riskéiert de Klimawandel an de Schiet ze stellen.
De Staatsminister Xavier Bettel huet am Interview mat eisem Korrespondent Philip Crowther zu Sharm El Sheikh doriwwer an iwwer aner Theeme geschwat.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)